Am Guart vun der Maison Mousset

Mäi Frënd, de Kiischtebaam

E Samsden den Owend um Wee an de Supermarché sinn ech a menger fréierer Heemechtsstad laanscht d’Maison Mousset gaangen, an hunn dunn hei ee Bléck op deen ominöse Chantier geheit, deen do ronderëm d‘Haus vum bekannten Escher Moler amgaang ass. Mat Entsetzen, ech konnt mengen Ae bal net trauen, hunn ech du misse feststellen, datt, nodeem se d’Mirabellen- a Quetschebeem am Guart do ofgeholzt haten, elo och dem leschte Kiischtebam, vir um Eck, seng Wuerzelen uerg massakréiert hunn!

Ass dat dote da vleicht Bamchirurgie…?

An dobäi haten se héich an helleg versprach, wéinstens deen ee Bam um Eck vun der Jean-Pierre-Michels- an der Lëtzebuergerstrooss, deen am Fréijoer esou herrlech bléit, ze schounen a stoen ze loossen! Hie steet fir de Moment zwar och nach ëmmer riit an haat de Krich iwerstaan, kritt och dest Joer nach Bleihen, mais ëm seng Iwwerliewens­chancen »à moyen terme« steet et schlecht, wann een no ënne kuckt a gesäit, wéi uarmdéck Wuerzelen einfach duerchgetrennt, amputéiert a verstümmelt goufen – no leschten Informatiounen »selon les règles de l’art arboricole«…, bei deenen et sech wuel ëm eng Art Verjéngerungsréckschnëtt ënnen un … de Wuerzelen handelt, wéi Uarbechter de Gruef laanscht d’Säit opgeworf hunn! Kee Mënsch huet dee Chantier iwwerwaacht an de Bam virun dësem Frevel bewahrt, deen se elo »après coup« mat »docten« Erklärunge wëlle justifizéieren … Dobaï kennt datt, wie direkt Anrainer eis verzielt hun, een Deel vun de Wurzelen schons am Oktober bei Baggeruarbechten vum B. blesseiert guewen, an duerno bei stuarkem Frascht freilungen, esou datt Chancen beschtefalls fifty-fifty stinn.

Et ass eng Sënn an eng Schan, an et stëmmt een traureg, wann een esou eppes gesäit a mat ukucke muss. Virun zwee Joer haten se schonn deemols ganz Äscht vun de Mirabellebeem, déi dee Moment kiloweis voller Friichten houngen, am Spéitsummer – »en prévision des choses«…? – gestutzt an ofgeseet, esou dass dat ganzt Uebst, mat den Harespele ronderëm, deeglang um Buedem leien blouf a verfault ass. Passanten a Leit am Haus hu sech mat Recht doriwwer gewonnert respektiv beschwéiert an d‘Joer drop hunn déi vun den Experten élagéiert Beem natierlech quasi näischt méi gedroen! Mais dat war jo scho vläit esou am Virfeld geplangt? Wann e Bam een hënnert, sicht een no engem bëllege Virwand a behaapt, e wär krank, fir en dann oofzeseeën…! Mais fir wéi domm haalt där déi Escher »Let«…?

Quadratesch, praktesch, schlecht

Ech weess, déi »gestylten« eckeg Gäert a »Squaren«, wou ni een dra sëtzt, well et sech do schlecht dreeme léisst … ( z.B. bei der Paterskierch), leien am Trend an et gëtt zurzäit vill Geld drop verschwent! Wee sinn déi Leit, déi eis mat dem Sege vun der Gemeng an eisem Geld, dësen – hiren – versch… Goût opzwéngen an och nach vum »Site et Monuments«, deen et noo dem Calteux‘ Georges senger Pensioneierung net méi brengt, oofseenen loossen! Grad ewéi zu Zetteg »an Huemes«, guew hei zwar d‘ Monument, mais net de site préservéiert. Vu Feinfühlegkeet keng Spuer! Weder e »jardin à la française«, nach a schonns guer kee romantesche méi »à l’anglaise«, de Lëtzebuerger hir öffentlech a privat Anlagenjardins publics an jardinets privés- sinn e Spigelbild an en Abklatsch vun hinne selwer ginn, a gläichen esouwuel hire »mineralesch-quadratesche« Virgäertercher ewéi och ganz oft hiren äiskale Griewer…! Kleng wäiss oder gro-schwaarz a praktesch Kiselsteng, all Dag pedantesch riichtgereecht, mat wa méiglech an zousätzlech engem geschlaffe moudesch-kitschege »Menhir« aus Iwwerséi an der Mëtt, un deene sech die heiteg »paysagisten« eng gëllen Nues dru verdéngen, hunn eis einheimesch Blimmercher op de Plate-Banden bis op e puer exotesch gestylte Planzen a Jenke gréisstendeels verdrängt. De »Mouv« an Sicona Loossen gréissen …

Keen »Onkraut«, net déi mannste schéi giel Pissblum oder Margréitchen, soll méi opkommen an deer Wüst vu Schotter a »Saunasteng«, an ze kraude brauch een hei och net méi. Mais esouguer am Bësch ginn am Minett, am Géigesaz zur Eechternoacher Giegend an anerwäerts, al flott rout an holpreg Naturweeër mat huardem Mesenicher Splitter aus Rheinland-Pfalz, begradegt, méi breet gemeet an iwwerstreet! An d‘Resultat huet net op sech wuarde gelooss … Mär stellen als laangjärege »Bëschleefer« fest, datt engerseits nach ni esou vill iwwer d‘Ëmwelt geschwat gouf wéi an der Lescht, mais datt gläichzeiteg a paradoxerweis och nach ni esou vill mat motoriséierte Forstgefierer a Co. op deenen neie »Bëschautobunne« gefuer ginn ass! Esouguer op fréier nach schmuele Bëschpied sinn neierdéngs Trasse vu Gefierer uewen am »Naturreservat« ze erkennen. Dëmpelen hu se am Ellergronn »renatureiert« an Weer ronderëm zwar net versigelt, mais trotz allem denaturéiert!

Dem Mousset seng Palette emgestouss

Wär den Eugène Mousset an Tëschenzäit net scho längst erëm zu Stëbs ginn, da géif hien sech an sengem Graf um allzäit oppene Jousefskierfent ëmdréinen, wann hie säi klengen »impressionistesche« Guart erëmgeséich, an deem hien eng ganz Palett vu faarwege Bléien an Friichte ronderëm d‘Joer wollt gesinn, an deen hien deemols och an dësem Sënn ugeluet hat, a virop um Eck säi Kiischtebam. Virun e puer Joer, wéi d‘Escher Gemeng d‘Moussets-Haus koaft huet, hu mär eis all doriwwer gefreet, well et éischtens net uafgerappt gouf, an zweetens well d‘Gemeng enger bekannter Fastfood-Chaîne zuvirkomm wuar. Elo, »im Nachhinein«, wie eis däitsch Nopere soen, muss ee sech d‘Fro stellen, ob déi net vläit esuguer méi Gespier an der Gestaltung vun dësem spezielle Guart bewisen hätten, an deen een oder anere Bam stoe gelooss hätten, am plaatz iwerall rechteckeg Metallkautschen ze implanteieren an een »Zebrastreif« als Parkstreifen dernieft ze betonéieren! Da brauch een och net de Geméismann vu Recken ze verdäiwelen a vun der Muartplaz ze verbanen – e Platzverweis à vie? – wann hien e Feeler meécht a sech erkéngt, e klengen Aascht vun engem mikreche Beemchen ofzeseeën, fir uewen net mat sengem Gespan unzeecken!

Maison Mousset: Kultur am Haus, Onkultur ronderëm…!

Gitt eis ewech mat ären ökologesche Floskelen, well d‘Praxis gesäit allze oft ganz anescht aus! Do hëllefen och déi léif recycléiert Chrëscht­beemercher net vill, déi uewe bei der Seelebunn erëm an de Buedem gesat goufen an do a Rei a Glidd, stramm ewéi Borschten um Härebierg, stinn. (Ee klenge Bravo trotzdeem fir déi Initiativ, grad ewéi fir den Déierepark, de Minihaff, an di zéi Beméiungen ëm de kommunale »Privat-Camping« … um G.-Bierg!) Där frot äech vläit elo, wéi ee sech nëmme kann esou oprege wéinst engem eenzege Kiischten- an e puer Mirabellen- a Quetschebeem …? Nun, mär hunn eben ähnlech wéi eng bekannten Escher Naturfrendin a Féministin oder Mme B. – eng Bio-Mycologin emmerhin – an nach etlech aner Bierger, eng aner Opfaassung vu Schéinheet, ee ganz anert Gefill fir Natur an Ëmwelt schonns viru laange Joren - parteilos - vermëttelt kritt, a wieren eis vehement géint k­leng lokal Décideuren, déi eis hiren aus dem Katalog ofgekuckten, moudeschen »faux-bon goût« wëllen imposéieren, och wann ee wierklech feinen Escher Politiker eis mat dëse Wierder ze tréischten an ze berouege versicht huet: »Där wäert gesinn, Här… esou an esou, dee Guart gëtt bestëmmt nees oder vläit nach méi schéin ewéi virdrun, et ginn och erëm Beemercher dragesat!« »Quetschen och«, kann een do nëmme soen!

Guy van Hulle

Freitag 7. April 2017