Perséinlech Erënnerungen un de René Hoffmann aus eiser Jeunesse

Jeunesse – F.L.F. – seng Famill

De Goal op der Grenz steet eidel, den Hoffmanns Rën ass dout, a mat villen aneren zesummen hu mär, wéi mär dat héieren hunn, béis getrauert a gekrasch! De Schock sëtzt déif, de Schmierz ass grouss, well de Rën wuar d’Jeunesse, an
d’Jeunesse wuar de Rën, a vu dass déi bekanntlech onstierflech ass, hu mär heemlech geduet, de Rën wär dat och…!

Mär haten eis geiert, a wat eis elo nëmmen nach bleift, ass Erënnerung an eng helle Wull vu faarwege Biller am privaten Album a virun allem am Kapp.

Schonn als Bouwen hu mär hien an de fréie sechzeger Joere méi wéi bewonnert, an elo ass mat him dann och ee Stéck vun eiser eegener Jugend fir ëmmer fort. Ganz oft stounge mär gläich zu e puer, de Logelins Vic, de Mathieus Camille, den Cecchotto’s Jang, e puer Hieler Jongen an ech, esouguer beim Training – wéi haut nemmen nach de Muli, voller Respekt an e bësse schei hannert sengem Goal an hunn all senge Gesten nogekuckt. Déi Zäit wuar d’Welt nach net mat Publicitéitsbrieder zougeneelt, an d’Reklam vum Café Chat Noir, déi eenzeg um Terrain, huet eis Vue op eisen Held an op d’Spill net verspuart! Wéi säi Bouf, de Christian, op d’Welt koum, hu mär him deemools esouguer ee klenge schwaarz-wäisse Cadeau offréiert an him felicitéiert.

Mär hunn natierlech net nëmmen de Rën, mais och di ganz Equipe, mat deemools dem Ruffinis an dem Denis Raym, dem Bach Jaaki, dem Bridi, dem Fino, dem Feller, dem Schuller, dem Langer, dem Thoma, dem Schnuck May, dem Kaufmanns Rën, dem Theisse Mars, all zesummen »op eng sportlech a fair Aart a Weis«, an net ausfalend wéi verschiddener vun den »Saufboys« haut, esou ugefeiert, datt mär den aneren Dag bal keng Stëmm méi haten, mais de Moan am Goal, den Hoffmanns Rën huet eis Bouwen op deem Posten an der »Këscht«, wéi konnt et och anescht sinn, grad ewéi schonns de Steffens Pol virdrun, bei wäitem am meeschten imponéiert! Op der Brillplatz wou et deemols nach erloabt wuar Football ze spillen, huet dann dee klengen Jeanchen et sengen Virbiller noogemeet, an sech doo tescht zwou Platanen tollkeng op den huarden Betong geheit fir den Plastiksball uschléissend wéi ee groussen bis an dem Fotograf Heiser seng Butteksfenster ze dégagéieren…

De Rën huet eis mat senge Reflexer a Paraden op der Linn faszinéiert, och wa säi Stellungsspill bei wäitem net esou gutt wuar ewéi dat vum Bruno Ferrero. Am Ausland wuaren dem Simonelli’s Gilbert séin Lev Yachine, de Gilmar an den Zamora eis aner Idoler, wärend hei am Land eis Jongen den Tausendsassa vun Debanck am grénge »Plover« vun der Stade och nach ganz gutt gefale konnt. Op den Terrain knubbeleg huart an dréche wuar – am 16 m ass deemools nämlech net vill Gras gewues –, oder ob et virdru vill gereent hat a ronderëm hien alles voller Waasser a Pill stong, de Rën huet net gezéckt an ass an de Bulli plongéiert an huet sech de Ball aus dem Géigner senge Féiss regel(ge)recht erausgefëscht. Kee Wonner, datt dodrënner esouwuel seng Schëller wéi och seng Knéien – an dat sollt hie spéiderhi berappen – béis gelidden hunn…

Keng »Zockermënnien« an net esou verwinnt ewéi déi vun haut…!

Och am Wanter, wa Schnéi loung, huet kee sech geziert, dann huet de Pieruccis Raymond d’Linne just schwuarz gezeechent an duerno dem Arbitter, den Hären Queudeville, Heinen, Delagardelle oder Willière, een orangefaarwege Ball zougeworf. D’Spiller koumen an der kuerzer Box, déi kriibsrout Bee just mat stuarkem Algipan ageschmiert, op den Terrain geloaf, mat virop dem Rën schonn als Kapitän, meescht ouni Händschen trotz der Keelt.

Géint de Stress wuesst hien een einfacht Mëttel: Hien hat, fir dogéint unzekämpfen, am Mond ëmmer ee Stéck Knätsch. Mais de Rën, och nach vu senge Matspiller a Supportere Flunti oder Pipo genannt, wuar souwisou, wéi een haut ging soen, een immens coolen Typ mat Nerven ewéi Tramsschinnen an hat d’Rou eweg. Bei de Cornere goung hie fir d’éischt eemol ganz geloosse bei den hënneschte Stäil an huet dann hannerécks, ouni ëmzeku­cken, sech den Dreck vun senge Futtballsschong, deen tëscht de Stolle gepecht huet, ofwiesselend géint den Aluminiumspoteau ofgeklappt. Dat metallent Geräisch, wat dobäi entstoung, kléngt eis haut nach an den Oueren, grad ewéi d’Direktiven, déi hien, ouni iwwerdriwwe vill an huart ze jäitzen oder een opzeféieren, senge Verteideger virun him zougeruff huet. Nëmmen e puer Kéiere loung hien dobäi krass derniewent, an de Ball duerno hannert him am Netz; esou bei engem Fräistouss mat enger vun him schlecht opgestallter Mauer an der Coupefinal géint Käerjeng, an eng aner Kéier géint Rëmeleng a säi furiose Fräistouss-Spezialist den »Grillo« Cardoni… Mais soss wuar op de Rën Verlooss wéi z.B. an der Coupe d’Europe 1963 géint d’Finne vu Valkeakosken, do huet hie beim eiskaalen Retourmatch uewen am Émile Mayrisch, beim Stand vu 4:0 fir eis, kee Goal méi zougelooss an domat d’Qualifikatioun fir deen nächsten Tour géint d’Jugoslawe vu Partizan Belgrad no der klorer Nidderlag mat eent zu véier am Allezmatch gesechert!

Mat 2:1 huet d’Jeunesse duerno den 20. November 1963 am Schlooreen doheem virun eisen Aen sensationell géint Partizan gewonnen, mais dohanne krut de Rën vun deem onfaire Géigner d’Nues gebrach, den Thomas Jeng guew an de Knéi gerannt an aanerer kruten rang an Gesiecht gespaut, wéi de Rën mär nach kierzlech beim Popeye um Trainingsterrain erzielt huet… an si hu 6:2 verluer.

De Rën wuar keen »Zirkus­päerdchen«, mais hien huet munchmol Glanzparadë vun absoluter Weltklass gewisen, a mär erënneren eis do nach ganz gutt un ee Frëndschaftsspill géint Kaiserslautern Mëtt 70 op der Grenz, wou hien an der éischter Halbzeit fantastesch gehalen huet an no 45 Minutten um Wee fir zeréck an d’Kabinnen de Ronny Hellstroem, de schwedische Keeper vu Lautern, spontan op hien zougelof koum, fir him fir seng Leeschtung ze gratuléieren!

Vum »Stadion« op der Areler Strooss an de »Parc des Princes«

De Rën wuar vun 1959 bis 1979 aktiv, an ëmmer do, wa säi Veräin hie gebraucht huet. Hie wuar Torwart, Trainer, Platzwart an spéiderhinn bei der F.L.F. serviceman, respektiv Berooder, eng Zort »René fir alles«. Dobäi wuar hien sech um Enn vu senger Carrière esuguer net ze schued, fir mat eis zesummen – fir mech eng grouss Éier! – an der zweeter Equipe am Feld, do, ewou elo de Cactus steet, ze spillen…! Anescht wéi eng ganz Rei vu Keeper aus déier Zäit, wuar de Rën iwwregens net nemmen een Ass am
Goal, konnt hechten, erausloafen a fänken ewéi keen aneren, mais hien hat nieft deene Qualitéiten och vill Gefill an de Féiss, konnt gutt mam Ball ëmgoen a grad ewéi de Noll Leszynski méi ewéi éierbar Futtball spillen!

De Rën hat ee bloe Pullover un

Do weess ech nach weider privat Anekdoten z’erzielen, wéi déi, wou ech den 4. Oktober 1964 mat mengem Papp zesumme beim Lännermatch géint Frankräich direkt op nëmmen e puer Meter hannert dem Hoffmanns Rën sengem Goal op engem Klappstull hunn dierfe sëtzen. Fir dem Publikum Meeschter ze ginn – 17.500 guewen der geziel – haten se, wat hautesdaags onméiglech wier, hëlze Gradine bäigebaut, an eis haten se direkt hannert den hënneschte Goal op de Wues gesat… De René wuar vum Robert Heintz fir de Match selektionéiert ginn an hat, dat mécht kee mär falsch, fir d’alleréischt a senger Carrière en himmelbloen – a kee gielen, wéi de Kolleg Petz viru kuerzem behaapt huet – Pullover un! Ech hat nach ëmmer wëlles, mär deen Detail vun him bestätegen ze loossen, mais elo ass et dofir ze spéit!

Dat Bild vum René, knapp zwee an een halwen Meter virun eis, hunn ech bis haut wéi eng faarweg Foto nach ëmmer virun Aen an droen et elo no sengem Ofliewen a mengem Häerz weiderhi mat mär ronderëm. An der Paus lounge mär deemools just mat 0:1 hannen, mais dunn huet de Camille Dimmer eng hallef­héich Flank vu riets vum Kleins Jang opgeholl an egaliséiert. Mais d’Freed wuar vu kuerzer Dauer, well de belsche Linienrichter huet deem klenge Lëtzebuerg näischt vergonnt, hie wollt de Ball virdrun am Aus gesinn hunn, an säi Kolleg an der Mëtt huet de Goal doropshin ongerechterweis annuléiert… D’Fransousen hunn dann nach een dropgesat an du konnte mär eng éischte Kéier béis enttäuscht a frustréiert heemgoen, wou dach virdru mam Rën am Goal vun der Nationalequipe alles esou schéin ugefaang hat…

Eng siwe Joer méi spéit sinn ech als Student mat der R4 duerch ganz Paräis iwwer Ëmweeër an de Parc des Princes gefuer, eleng fir dem Pipo moien ze soen, deen do mëttes matten an der Woch mat Lëtzebuerg en Testmatch géint eng franséisch Selektioun gespillt huet, vun deem ech héieren hat. De Parc wuar 1970 am Ëmbau an ee richtege Chantier, bal ouni Publikum deen Dag, esou datt ech mech bis ganz no hannert de Goal konnt virschaffen, fir dem René Salut ze soen… deen net schlecht gestaunt hat an huet misse laachen, wéi hie mech gesinn huet.

Beim Spill géint Péiteng leschte Sonnde gouf virum Match vun offizieller Säit schéin un de René erënnert, an esouguer d’Supporteren am ënneschten Eck op de Gradinen hunn sech déi Kéier gepackt a vun hirer allerbeschter Säit gewisen, andeems se eng Banderole opgespaant hunn, wou grouss »In Memory of René Hoffmann« drop ze liese stoung!
E schéinen Hommage un de René, als »Goalkeep« eng Klass fir sech, en immens fairen a gläichzäiteg bescheidene Mann vun hei, e stuarkt Stéck Minett an e Virbild vu Fairness, Asaz a Fidelitéit, un deem mär eis all, ouni Ausnahm, sief et op de Gradinen oder op der Tribune, e Beispill sollen huelen! All Respekt deemno!

Bravo a Merci fir alles René!

Mär haten an hunn dech gär! Allez Jeunesse! Allez Mär!

Guy van Hulle

(Foto: FLF)

Donnerstag 19. Dezember 2019