Keng Unerkennung fir Community Medien?

De Radio ARA ass staark irritéiert vum Gesetzestext fir déi nei Pressehëllef

Nach viru kuerzem huet et geschéngt, wéi wann de Staat Community-Medien och endlech zu Lëtzebuerg géing unerkennen. No jorelaangen Diskussioune mam Medieministère an enger positiver Recommandatioun vun der ALIA gouf Radio ARA virun zwou Wochen an d‘Chamber invitéiert. Awer een Dag nodeems Radio ARA an der Medienkommissioun iwwer d’Wichtegkeet vu Community Medie fir d’Medienpluralitéit geschwat huet – an ouni d’parlamentaresch Débât iwwert de Service Public ofzewaarden, huet de Regierungsrot e Gesetzestext ugeholl, dee fir eis e grousse Réckschlag bedeit.

Community Medie ginn a praktesch all europäeschem Staat nieft ëffentlechrechtlechen a privat-kommerziellen als drëtte Pilier vun der Medielandschaft unerkannt a gefërdert. Institutioune wéi d’EU-Parlament, d’UNESCO an den Europarot recommandéieren all hire Memberlänner fir déi Chancen z’ergräifen déi Community Medie bidden an doduerch d’Medienkompetenz an der Gesellschaft ze verankeren a virun allem marginaliséiert Gruppe mat anzebezéien. Community Medie ginn der Zivilgesellschaft den direkten Access op d’Antenn, se stäerken d’Participatioun an sinn eng Ausbildungsplaz a Sprangbriet fir Journalist*innen.

Am virleiende Gesetzestext 7631, deen sech an der Haaptsaach op déi geschriwwe Press fokusséiert, goufen d’Community Medien an enger Zeil dobäigeprafft. Déi Hëllef, déi fir si virgesinn ass, ass plafonéiert, a geet laanscht all reell Besoinën. Iwwert eng Mindestzuel vu Vollzäit-Journalist*inne ginn si un ee System gebonnen, deen am Widdersproch zu hirer Funktiounsweis steet. Dass haaptsächlech Mëttele fir Technik, Infrastruktur a Personal fir Administratioun, Koordinatioun a Kommunikatioun gebraucht ginn gouf net beduecht.

Lisa McLean (Responsabel engleschsproochegen »ARA City Radio« a Community-Shows Radio ARA): »Radio ARA gëtt zu Lëtzebuerg och gebraucht well e groussen Deel vun der Bevëlkerung net vun deenen anere bestoende Medien representéiert gëtt. Mir hu geduecht, dass grad d’Pandemie kloergemaach hätt. Mat engem Noriichteprogramm an 10 Sproochen, dorënner arabesch, tigrinya, farsi, albanesch, russesch, italienesch... hu mir Leit zu Lëtzebuerg erreecht, déi soss keen Accès op lokal Informatioune gehat hätten. Mee elo hu mir missen als éischt feststellen, dass mir fir d’COVIDNoutfall-Pressehëllef net eligibel sinn an dann, dass eis Aarbecht a Potential insgesamt net verstane gëtt. Dëst deet wéi.«

Zanter dem Enn vum leschte Joer ass Radio ARA finanziell an engem kriteschen Zoustand. Wéi all Medien hunn och mir Probleemer fir eis nach iwwer Reklammen ze finanzéieren. A Konkurrenz steet Radio ARA hei mat deenen grousse Medien, déi en plus duerch de System vun der Pressehëllef, Sue vum Lëtzebuerger Staat kréien. Bei Radio ARA schaffen 170 Fräiwëlleger a Freelancer, awer och Leit mat (auslännesche) Pressekaarten fir Sendungen an Noriichte vu gudder Qualitéit ze maachen. 12 Leit (an Deelzäit) sinn agestallt a këmmeren sech haaptsächlech ëm d’Organisatioun, d‘Ausbildung an de Projetsmanagement. De Radio huet net emol genuch Sue fir en Techniker oder eng Technikerin anzestellen.

Guy Antony (Präsident): »Dat neit Gesetz gëtt eis net gerecht. Et ass wéi mat enger Blinddarmentzündung an d’Klinik ze kommen an dann den Aarm gegipst ze kréien. Dobäi si Community Medien eng grouss Chance an enger Demokratie. Lëtzebuerg huet ee grousse Mangel u Medienpluralismus an een attestéierte Problem bei der Medienkonzentratioun. De Projet de loi 7613 verschäerft déi Problemer nach. Fir Radio ARA bedeit dat, dass eis Existenz um Spill steet.«

Matgedeelt vu Radio ARA, 22.7.2020

Mittwoch 29. Juli 2020